|
Geschriwwen vun Joé Welter
|
|
Montag, 25. Januar 2010 |
|
Mier hoffen datt dier eng relativ erfolegraich Examenszait hannert ierch bruecht hudd an datt alles geklappt huet. Well lo dat neit Semester ufenkt, hun mer natierlech och erem en neien vollgefëllten Programm fir dat 2. Semester 2010.
Fir en erofzelueden musst der just am Menü op Programm drécken an en eroflueden (Pdf Format).
Op en gutt neit Semester! |
|
|
Geschriwwen vun Joé Welter
|
|
Samstag, 15. November 2008 |
|
Den 18. November ass erem eisen top Quizowend. Hei kreien lauter motiveiert Team's Froen aus denen verschiddensten Beraicher gestallt. Dat Team wou den Challenge am beschten meeschtert gewennt desen Quiz. Ze gewannen gin et natierlech interessant Praiser dei ierch den Owend verséissen werten ;-)
Weini ? Ab 20h00 geet et lass an der Giraf. |
|
Lescht Aktualiseierung ( Montag, 16. November 2009 )
|
|
|
Geschriwwen vun Joé Welter
|
|
Dienstag, 27. Oktober 2009 |
|
Dei desjähreg Reel war zu Karsruhe, an och d'ALUS war rem mat enger Comités-Délégatioun souwei enger Rëtsch anneren Memberen an Ancien'en présent.

Stemmung war gudd, an och keen Schwéngi konnt se ophaalen ;)
D'ALUS seet hieren Karlsruher Kollegen merci vir dei flott Reel. |
|
Lescht Aktualiseierung ( Dienstag, 27. Oktober 2009 )
|
|
|
Geschriwwen vun Joé Welter
|
|
Dienstag, 29. September 2009 |
|
Ennert der Rubrik "Programm" fannt der elo den offiziellen Alus-Programm vir dat eischt Semester.
|
|
Lescht Aktualiseierung ( Dienstag, 29. September 2009 )
|
|
|
Geschriwwen vun Joé Welter
|
|
Dienstag, 28. Juli 2009 |
|

[UPDATE] Wei all Joer ass et erem souwait: den Alus Fraibeier steet virun der Dier!
Hei kann een als neien oder aalen Stroossbuerger lauter Leit kennen leieren an dat bai guddem letzebuerger Beier. Ausserdem krisste an engems deng Memberskaart.
Lass geet et e Mëttwoch den 23. September um 20h00 am letzebuerger Stammcafé Rock City (24, rue des Poules).
Am ganzen warden 240 Liter Beier drop vir gedronk ze gin!
Vir mat ze drénken musste 10 euro bezuelen (jo och d’Alus krut Finanzkriis ze spieren) an kriss an engems deng Memberskaart mat déier een un villen flotten Aktiviteiten duerch d’Joer deel huelen kann. Selbstverständlech kannste och Kollegen vun Doheem matbréngen.
Ausserdem gin et deen Owend och dei fonkel nei Alus T-shirten vir 12 euro d’Stéck ze kaafen vir dei wou een wellen hun.
D’Alus erwaard ierch nächsten Mëttwoch, an sidd pünktlech wann der keng Drëps wëllt verpassen ;-) Welkomm (zeréck) ze Stroossbuerg ! |
|
Lescht Aktualiseierung ( Dienstag, 15. September 2009 )
|
|
|
|
<< Ufank < Zeréck 1 2 3 4 5 weider > Enn >>
|
| Resultater 10 - 18 vun 44 |