Aktuell
Aktuell
REEL 2008
Geschriwwen vun Joé Welter   
Dienstag, 21. Oktober 2008

Reel 2008 ze Parais ass eriwer. Et war en mei wei flotten Weekend mat ganz vill Aktiviteit an Ofwiesslung. D'Alus seet den Paraiser Kollegen merci vir dei gelongen Reel. Äddi Parais 08, Moien Karlsruhe 09. Weider Photoen kommen nach no. Vir weider Infos iwert REEL kuckt op www.reel.lu

Hei op der Photo gesidd der all Stroossbuerger an Ex-Stroossbuerger (ausser den Chrëscht) wou do waren. Vir de Comité waren present: Annick, Claudine, Eicher, Phil, Joé

Lescht Aktualiseierung ( Dienstag, 21. Oktober 2008 )
 
Fraibeier-Fotoen
Geschriwwen vun Joé Welter   
Mittwoch, 1. Oktober 2008
Fotoen vum Fraibeier sen Online !

 
Lescht Aktualiseierung ( Donnerstag, 2. Oktober 2008 )
 
Boom de bienvenue
Geschriwwen vun Joé Welter   
Sonntag, 28. September 2008

Dënstes den 30. September ass eis Boom de Bienvenue ab 21h00 am Café des

Anges (42, rue de Krutenau). Geint den starken Duuscht gett ët extra

reduzeiert Praisser um Sériö an exclusiv och op allen Vodka-mëschungen. Desen

Owend ass emmer flott an eng gudd Gelegenheet fir dei nei Huesen kennen ze

leieren an emgedreit

Lescht Aktualiseierung ( Sonntag, 28. September 2008 )
 
ALUS Rentrée
Geschriwwen vun Joé Welter   
Sonntag, 14. September 2008

Geschwenn ass rem Rentrée, an dovir glaich zwee Top Rendez-vous'en! Eischtens den 24. September den traditionnellen FRAIBEIER ze Stroossbuerg (mei genau Infos weider ennen op der Sait) an kuerz duerno den 26. September eisen alljährlechen Stroossbuerger Rentréesbal bai dem all Mensch op eng gelongen Rentrée kann ustoussen oder sech iwert schlecht Noexamen kann hinweg treischten. (Op Bild klicken vir ze vergreisseren)

Weini : Freides den 26. September

Wou: The Viking (Hollerecher)

Entrée: GRATIS

[Zoom]

Lescht Aktualiseierung ( Donnerstag, 18. September 2008 )
 
Fraibeier 2008 !
Geschriwwen vun Joé Welter   
Mittwoch, 10. September 2008

Nach virum Bal Freides, offreiert d'Alus Mettwochs den 24. September och nach, wei traditionnell all Joers schon, vir dat neit Unisjoer eng uerdentlech Portioun FRAIBEIER!

Dest ass wei emmer den Optakt an en neit Joer an d'Meiglechkeet sech als Alus Member vir dest Joer anzeschreiwen an vun sämtlechen Virdeeler vun eis ze profiteiren.

Besonneg den neien Leit dei grad erreicht op Stroossbuerg kommen bidd de Fraibeier d'Meiglechkeet d'Alus, hier Memberen an sämtlech Virdeeler kennen ze leiren an sech eng Memberskaart ze kaafen.

Lass geht et um 19.00 h am Rock City (24 rue des poules, Stroossbuerg). D'Entrée ass 8 euro an do ass Memberskaart direkt mat dran.

Kommt alleguerten an freet ierch also op en lëschtegen Owend !

Ps: vir weider Infos zum Fraibeier, oder weint der Memberskaart, kennt der ärch un een Comités-Member (Rubrék Comité) wenden.
Lescht Aktualiseierung ( Sonntag, 14. September 2008 )
 
<< Ufank < Zeréck 1 2 3 4 5 weider > Enn >>

Resultater 28 - 36 vun 44