Aktuell
Aktuell
Leschten Programm virun der Vakanz
Geschriwwen vun Joé Welter   
Dienstag, 14. April 2009
Am Menü op der Sait fannt der den leschten Programm virun der grousser Vakanz.
 
Quiz-Owend mat der Spuerkees: 100 € Gewenn
Geschriwwen vun Joé Welter   
Dienstag, 31. März 2009
Den 7. Abrell um 20.30h organiseiert d'Spuerkees an Zesummenarbescht mat der Alus en flotten Quizowend am letzebuerger Stammcafé Rock City (rue des poules) ze Stroossbuerg. Matmaachen kann jidfereen wou Student ze Stroossbuerg ass.

Ze Gewannen gin et 100 € pro Persoun aus der Gewenner-Equipe!

De ganzen Quiz ass natielrech op letzebuergesch,an d'Froen sin souwuel kultureller Natur mee gin och iwert verschidden "jonk" Produit'en vun der Spuerkees.

Vir mat ze maachen musst der:

- ze Stroossbuerg studeiren
- ierch bis den 6. Abrell per Mail op Des Email-Adress ass géint Spambots geschützt. Dier musst Javascript aktiveieren fir et kucken ze kennen androen
- Der kennt ierch alleng aschreiwen oder direkt eng Equipe zesummenstellen vun 3-5 Leit. Alleng aschreiwen geht awer duer. Dei lescht Equipen gin dann den Owend selwer gemeet.

An der Mail preciseiren musst der:
- Numm vum Grupp an den Numm vun den Leit wou matmachen falls der schon ze puer Leit secher matmaacht an een Grupp zesummen wellt maan.
- Eng Persoun vir ze kontakteiren mat Email an GSM

- Schreiwt der ierch alleng an, dann just ären Numm an är Telefonsnummer an Mail dobai schreiwen.

==================================
||| Ganz wichteg: D'Spuerkees offreiert FRAIBEIER ! |||
==================================

Verpasst desen flotten Quiz-Owend also op keen Fall !

 
Programm 1, 2009
Geschriwwen vun Joé Welter   
Donnerstag, 5. Februar 2009
Den eischten Programm vir dat neit Joer ass elo online vir dei wou d'Mail net kruten oder se verluer sollten hun. Ze fannen ass de Programm lénks am Menü.
 
Programm: 2. Semester 2008/2009
Geschriwwen vun Joé Welter   
Montag, 5. Januar 2009

D'Alus wenscht ierch alleguerten vill Gléck am neien Joer souwei bonne merde an vill Courage vir dei schweier Examenszait.

Soubal dei iwerstaan ass, wert ALUS ierch kuerz duerno den neien Programm vir 2. Semester 2008/2009 zouschécken.

An dem Sënn: Net ennerkreien loossen, an bis geschwenn erem.

 

Lescht Aktualiseierung ( Montag, 5. Januar 2009 )
 
Informatiounen zum Chreschtbal 2008
Geschriwwen vun Joé Welter   
Donnerstag, 27. November 2008

 

Den 22. Dezember ass et erem souwait ! Dann lued d'Alus erem op hieren traditionnelen Stroossbuerger Chreschtbal. An zwar dest Joer um P&R Bouillon an der Staadt.

Entdeckt sämtlech Informatiounen zou eisem Bal an der Rubrék "Chreschtbal 2008". Gehait roueg emol en Bléck eran, et keint ierch nawell interesseiren ;-)

Lescht Aktualiseierung ( Donnerstag, 27. November 2008 )
 
<< Ufank < Zeréck 1 2 3 4 5 weider > Enn >>

Resultater 19 - 27 vun 44