Aktuell
Aktuell
Programm 2 Semester 2011/2012
Geschriwwen vun Georges   
Friday, 20. January 2012
Den Programm vum Semester II ass gedreckt

Vill Spass bei den ALUS-Activitéiten!
Lescht Aktualiseierung ( Friday, 3. February 2012 )
 
Tournée de la Soif
Geschriwwen vun Georges   
Wednesday, 1. February 2012
Mëttwoch den 8ten Februar ass nees Zäit fir eng kleng Tournée de la Soif.

Nom Erfolleg vun der Editioun vum éischten Semester giffen mer d'Leit dann nees eng Kéier zu engem klengen Marsch duerch Stroossbuerg by Night alueden, natierlech mat engem ganzen Koup Boxenstopps an beléiften Tavernen.

Den Treffpunkt ass 7 Auer am Irish Pub, wu mir dann och fir di éischt kéier den Owend tanken :)

Wien net sou fréih do sin kann, deen kann awer roueg nokommen. Einfach baim Comité um Handy nofroen wou d'Tournée grad drun ass.
Lescht Aktualiseierung ( Friday, 3. February 2012 )
 
Alus-Fraibéier
Geschriwwen vun Georges   
Monday, 23. January 2012
D'ALUS offréiert dest Joer och am zweeten Semester en Fraibéier fir hir träi Memberen.



Lass get et em 20.30 am Irish Pub (13 rue Vauban, 67000 Strasbourg, France).

Dest ass och eng Geleegenheet fir eis Memberen fir hir Memberskarten 2011/2012 ze kréien an fir d'Net-Memberen eng ze kaafen (10€) !
Lescht Aktualiseierung ( Friday, 27. January 2012 )
 
ALUS @ Tournoi de Noël
Geschriwwen vun Georges   
Tuesday, 6. December 2011
Den Tournoi de Noël um Campus Geesseknäppchen steet virun der Diier (Donneschdegs den 22. Dezember 2011 an Freides 23. Dezember 2011) - an d'ALUS wäerd rem mat Pauken und Trompeten deelhuelen an eisen Cercle super vertrieden!

Gespillt gëtt Donneschdegs Basket & Volleyball,
den Dâg drob - Freides Fussball.

...
Maach mat, respektiv komm d'ALUS-Equipen tatkräfteg ënnerstëtzen.


Fir Spill a Spaass ass sur place garantéiert, an esoumat kann een kuerz viru Chrëschtdag eng agréabel Léierpaus um Geesseknäppchen aleeën!
 
Nikloos-Rallye 2011
Geschriwwen vun Georges   
Tuesday, 8. November 2011
Samschdes, den 3. Dezember ass eisen traditionellen an eenzegaartegen Nikloos-Rallye hei zu Stroossbuerg, wou och all Joer nees vill Studenten an Ancien‘en vun auswäerts op Besuch kommen a matmaachen.



RDV ass em 14h virun der Stroossbuerger Droit’s-Fakultéit (1 place d'Athènes), wou et no engem gudde Glühwäi lassgeet! Bei dësem Rallye erwaarden iech eng ganz Réi flott Spiller op deene flottste Platze vu Stroossbuerg.!

Nom Rallye gi mir och all zesummen Tarte Flambée a Béier à Volonté iessen!

Dei Leit wou Owes mat an den Flam's iessen gin, sollen sech per Mail beim Nadine unmellen : nadine_marchal "at" hotmail.com (weider Infoen kommen nach no...)

Lescht Aktualiseierung ( Thursday, 1. December 2011 )
 
<< Ufank < Zeréck 1 2 3 4 5 6 7 8 weider > Enn >>

Resultater 1 - 9 vun 64