
Den
17. Abrëll ass et endlech erem souwait: dann geet et traditionnell wei all joër erem op d’Route du Vin !
Lass geet et dest Joër
um halwer 9 moies virum Colysée (6, rue de Rome) wou mir dann mam Bus fortfueren an um 10 Auer
d’Kellerei Hurst ze Turckheim, enger klenger mettelalterlecher Staadt no bai Colmar, kucken gin an no der Visite vun der Kellerei hieren
allerfeinsten Elsässeschen Wain schmaachen.
Weider geet et um
12 Auer wou mer direkt em den Eck gudd zou
Mettesch iessen gin (Detailer kommen no).
Geint 14 auer nodeems mer eng Zaitchen an der klenger Stiedchen verbruet hun, geet et virun Richtung
Ottrott, engem klengen Dierfchen, bai den Wënzer Fritz Schmitt wou mer no enger klenger Visite vum Betrieb erem engkeier dei
allerfainsten lokal Wäiner schmachen kennen begleet vun Bretzelen an Gugelhupf.
Geint 17 Auer geet et dann erem Richtung Stroossbuerg wou mer geint
18h virun der Droit’s Uni dei lescht “Dégustatioun” hun. Hei ass de Moment fir rauszefannen op de Wain deen der kaaft hudd, nach emmer gudd ass :)
--------------------------------------------------
Umellen:
Fir mat ze goen muss der ierch bis spéidestens den 14. Abrëll op
Des Email-Adress ass géint Spambots geschützt. Dier musst Javascript aktiveieren fir et kucken ze kennen
umellen an de Prais fir de Bus, 2 Visiten plus Dégustatiounen an d’Mettesiessen ass 30 euro.
Aus organisatoreschen Grënn bieden mir ierch des Suen op eisen Bank-Konto mat der nr:
IBAN LU83 0019 2955 2436 2000 ze iwerweisen mam Vermierk: “RdV Numm Virnumm” .
D'Suen mussen no der Umelldung bis den 14. Abrell allerspeidestens iwerwisen sin fir datt mer do dei genau Zuel un Leit wessen.
Bezuelen kennt der natierlech och Mettwochs am Rock’s bai engem Comités Member.
Sidd derbäi an erliewt eng aal Alus-Traditioun, e Must fir all Stroossbuerger Student, Ancien an och fir aner Studente !!
Ps: Kollegen dei wëllen mat kommen dierfen sech och roueg umellen, an och Studenten aus anerne Stied sin natierlech Wellkomm. Falls der eng Schlofplatz sicht, kennt der ierch och un de Comité riichten, mier probeieren ierch dann weider ze hellefen.